16.06.´21: Generalversammlung FEL

16.06.´21: Generalversammlung FEL

Den Aktivitéitsbericht 2020 an 2021 (Januar-Juni) kënnen ënnert folgendem Link Links&Downloads bei 1) Dokumenter vun der FEL consultéiert gin.

Invitatioun

Léif Memberen,

Dir sidd heimat häerzlechst invitéiert, un eiser Generalversammlung deelzehuelen, déi en Mëttwoch, de 16. Juni 2021 um 19.00 iwwer Teams ofgehale gëtt.

Ordre du jour:

• Usprooch vum Präsident

• Aktivitéitsbericht 2020

• Keesebericht

• Entlaaschtung vun der Kees

• Neiwiel vun den Keeserevisoren

• Entlaaschtung vum Kommitee

• Éierung vu laangjärege Memberen

• Infoen an frei Aussprooch

Wann dir deelhuelen wëllt, mellt iech beim Präsident Dick Okkerman un ënnert dick.okkerman(at)gmail.com. Dir kritt dann ca eng Stonn virdrun en Link geschéckt, bei Problemer kennt dir hien direkt kontaktéieren.

E puer laangjäreg Comitesmembren hunn sech no laangem Ansaatz zeréckgezunn an drai jonk Famillen sinn dem Comité bäigetrueden. No dësem Generatiounswiessel stellen mir eis mat frëschem Elan als Veräin nei op. Et bléist en neien Wand am Comité an mir sichen an dem Sënn, nei Memberen déi eis ënnerstëtzen an nach weider Comitesmemberen déi sech wëllen engagéieren. --> Et sinn vill nei Reformen ënnerwee, an eis Aarbecht ass elo nach méi wichteg wéi virdrun.

Eis Internetsäit fel.lu huet och en neit Gesicht kritt. Se ass lo gutt gefëllt an gëtt och reegelméisseg aktualiséiert. Kuckt eran an gëtt eis gären Feedback. Wann dir eis är Mailadress matdeelt, gitt der an den Newsletter integréiert.

Wann dir är Cotisatioun 2021 nach net bezuelt huet, kennt dir eis gären finanziell ënnerstëtzen mat engem Beitrag vun 20 € Joer / Famill (Konto BCEE LU40 0019 2355 4566 0000). Mir soen iech am viraus villmools MERCI.

Mat de beschte Gréiss bis zur Generalversammlung.

Dick Okkerman

Präsident