Op der Sich no weideren Comitesmembren

Op der Sich no weideren Comitesmembren

E puer laangjäreg Comitesmembren hunn sech no laangem Ansaatz zeréckgezunn an drai jonk Famillen sinn dem Comité bäigetrueden.

No dësem Generatiounswiessel stellen mir eis mat frëschem Elan als Veräin nei op. Et bléist en neien Wand am Comité an mir sichen an deem Sënn, nei Memberen déi eis ënnerstëtzen an nach weider Comitesmemberen déi sech wëllen engagéieren.

--> Et sinn vill nei Reformen ënnerwee, an eis Aarbecht ass elo nach méi wichteg wéi virdrun.

Eis Generalversammlung ´21 wärt warscheinlech am Mee stattfannen. Wann dir weider Informatiounen braucht oder är Kandidatur stellen wellt, mellt iech beim Präsident vum Verain den Dick Okkerman via .