Wat as eng Fleegefamill?


D´Pflegefamill

Et ass d'Placement vun engem oder méi Kanner, am Dag oder am Dag an an der Nuecht, an enger Famill déi net déi biologesch Famill ass.

Den Zweck vun dëser Opnam ass:

  • engersäits, sech em en Kand mat psychosozialem Stress ze këmmeren,

  • an op där anerer Säit de biologeschen Elteren d'Méiglechkeet ze ginn un hiren Elterenkompetenzen ze schaffen.

D 'Roll vun der Fleegefamill

E Kand oder en Teenager opzehuelen heescht him eng nei Chance ze ginn, an dobai solidaresch mat de biologeschen Eltere vum Kand ze bleiwen. Et heescht och ongewéinlech Verantwortung ze iwwerhuelen andeems een fir d´Kand eng pädagogesch an emotional Roll iwwerhëllt ouni d'Elteren z'ersetzen. Et ass eng onsécher Missioun, well een net am Viraus wëssen kann wéi laang een engagéiert as.

Fir déi wäertvoll Roll vun der Fleegefamill ze erfëllen, brauch d'Famill e puer wichteg Fäegkeete fir kënnen hir Roll ze erfëllen. Fir dëst ze maachen, muss se:

  • Kommunizéieren a bereet sinn a Partnerschaft mat aneren Akteuren ze schaffen;

  • Eng bannenzeg Bereetschaft matbréngen déi engem et erméiglecht d´Elterenschaft ze deelen: d'Kand, seng Famill a Geschicht ze respektéieren;

  • D´Kand ënnerstëtzen.

Aarbecht an engem Netzwierk vun Acteuren

Wärend der ganzer Period ginn d'Fleegeltere vun engem Fleegekannerdéngscht betreit, dee se beim Ophuelen vum Kand begleed . Formatioun, Weiderbildung / Supervisioun sinn obligatoresch fir Fleegefamilljen.