ARC Fachmagasinn fir Pedagogik a Sozial Aarbecht mam Thema "Fremdunterbringung"

ARC Fachmagasinn fir Pedagogik a Sozial Aarbecht mam Thema "Fremdunterbringung"

arc, déi éischt an eenzeg lëtzebuergesch Fachzäitschrëft fir Pädagogik a Sozialaarbecht zu Aarbecht, diskutéiert zënter 1978 aktuell, fachspezifesch Themen. Verëffentlecht vun ances a.s.b.l., dem Lëtzebuerger Beruffsverband fir Sozialaarbecht an Erzéiung. Mir förderen de fachlechen Discours a wëllen déi bescht Léisunge fir sozial Problemer an déi richteg Äntwerten op Froen vun Erzéiung an Educatioun. Mir sichen den Dialog op Aen Héicht mat allen Akteuren, sou wéi et der laangjäreger Traditioun vum Beruffsverband ances a.s.b.l. entsprécht.

An dëser Ausgab vum arc widme mer eis dem Thema vun der „Fremdunterbringung“. Säit dem Bestoe vun der ances hunn mer eis ëmmer erëm mat den Ursaachen a Konsequenze befaasst fi rwat Kanner a Jugendlecher hier Kärfamill musse verloossen a wat fi r eng Konsequenzen dëst huet op hier spéider Entwécklung.

D’Thematik huet an de läscht 45 Joer net u Wichtegkeet verluer a mam Bléck op déi aktuell Zuele vu Kanner- a Jugendlechen déi an ënnerschiddleche Strukture wunnen, hu mer nach ëmmer keng adequat Äntwert fonnt, dës Entwécklung ze bremsen.

An dësem arc huele mer iech mat an déi verschidde Forme vu stationären an ambulanten Hëllefsleeschtungen déi et zu Lëtzebuerg ginn, wou mer iech souwuel Temoignagen aus der Praxis awer och rezent Etuden aus der Wëssenschaft virstellen.

Unbenannt4

Download als pdf