7.9.´ 22: Avis FEL relatif au projet de loi N°7994 portant aide, soutien et protection aux mineurs, aux jeunes et aux familles

7.9.´ 22: Avis FEL relatif au projet de loi N°7994 portant aide, soutien et protection aux mineurs, aux jeunes et aux familles

Den 7. September huet d´ Associatioun FleegeElteren Lëtzebuerg asbl en Avis zum neien Gesetzesprojet iwwert den Jugendschutz un den Minister Claude Meisch an un d´ Chamber verschéckt.

Am Allgemengen stëmmt d’ FEL dem Gesetzprojet zou well dësen e groussen Fortschrëtt a Saache Schutz vu Mannerjäregen duerstellt.

Dogéint, werfen e puer Artikelen an Ännerungen par Rapport zur aktueller Gesetzeslag fundamental Froen iwwer d' Attraktivitéit vun dem accueil familial fir praktizéierend Fleegefamillen an zukünfteg Fleegefamillen op. Mir sinn besuergt iwwert d´ Viabilitéit vum Fleegefamillensecteur. Déi nei Aschränkungen, déi duerch den Text agefouert ginn, stellen eng Verschlechterung vum Kader vun eisem fräiwëllegen Engagement fir Kanner an Nout a fir d' Gesellschaft allgemeng duer. D' Spannungsfeld, dat tëscht dem intérêt supérieur de l´enfant an dem politesche Wëllen fir d´ Hierkonftselteren ze responsabiliséieren herrscht, andeem d' Erhale vun der autorité parentale bei der Hierkonftsfamill d' Reegel gëtt, mécht eis grouss Suergen.

D' Attraktivitéit vun der Aktivitéit vun der Fleegefamill hellt of, wärend d' Zuel vun de Fleegefamilljen lo scho bei wäitem net duer geet fir d´ Besoinen ze decken. Dës Aspekter sinn an eisem Avis detailléiert beschriwwen.

D’ Associatioun FEL stellt e positiven Avis zum Gesetzprojet N° 7994 aus, virausgesat datt Upassunge opgrond vun den ausgedréckten Reserven gemaach ginn.

Den Avis kann een hei downloaden.