31.10.21: Zusummenstellen vun engem Avis zum Gesetzesprojet iwwer Hëllef, Ënnerstëtzung a Schutz fir Mannerjäreg, Jonk Erwuessener a Familljen

31.10.21: Zusummenstellen vun engem Avis zum Gesetzesprojet iwwer Hëllef, Ënnerstëtzung a Schutz fir Mannerjäreg, Jonk Erwuessener a Familljen

Den Ministère fir Educatioun, Kandheet a Jugend (MENJE), Generaldirektioun fir Hëllef fir Kanner a Familljen, Service fir Hëllef fir Kanner a Familljen, huet FEL matgedeelt, datt en éischten Entworf vum Gesetzesprojet iwwert d'Hëllef, d' Ënnerstëtzung an de Schutz fir Mannerjäreger, Jonk Erwuessener a Familljen zur färdeggestallt wir a mir invitéiert wiren fir eng alleréischt Liesung vum Text ze maachen mam Zil bis den 31. Oktober '21 en Avis ze formuléieren.

De 27. Oktober war eng Versammlung vum Aarbechtsgrupp "plattforme accueil en famille", bei där den Office national de l'enfance (ONE), déi 3 service d'accompagnement an FEL zesummekomm sinn. Um Ordre du jour vun der Versammlung stoung d’Presentatioun vum Gesetzesprojet, et war méiglech Froen ze stellen a verschidde Punkten ze klären.

D'FEL huet sain Avis formuléiert an haut un de MENJE weidergeleed.

Mir soen de Verantwortleche Merci, déi eis invitéiert hunn den Text ze liesen ier en an der Chamber déposéiert get an daat mir d'Méiglechkeet krut hun, mat engem internen Avis ze reagéieren. Mir begréissen dës transparent a partizipativ Approche.