7.9.´21: Austausch mat 3 Deputéierten vun der DP (Demokratesch Partei)

7.9.´21: Austausch mat 3 Deputéierten vun der DP (Demokratesch Partei)

De 7. September 2021 war d'Associatioun FleegeElteren Lëtzebuerg asbl op en Austausch mat dräi Deputéierten vun der DP invitéiert. Un der Versammlung hun deelgeholl:

  • Gilles Baum (fréieren Enseignant, Fraktiounspresident vun der DP, Member vun der Famillje- an Integratiounskommissioun a President vun der Kommissioun fir Educatioun, Kandheet a Jugend),
  • Carole Hartman (Affekotin a Member vun der Commission Juridique a Member vun der FFamillje- an Integratiounskommissioun a Member vun der Kommissioun fir Educatioun, Kandheet a Jugend) an
  • Max Hahn (President vun der Famillje- an Integratiounskommissioun) an d'Attaché parlementaire Christine Fixmer.

De System vun de Fleegefamilljen zu Lëtzebuerg gouf diskutéiert an déi 12 Recommandatiounen, déi eis Vereenegung an eisem Positiounspabeier vum Juli 2021 iwwer d'Reforme vum Jugendschutz a Jugendhëllef formuléiert huet, sin presentéiert ginn. Dësen kann hei erofgeluede ginn.

Photo: (C) DP