18.06.´23 Generalversammlung, Studienresultate und Pick-Nick

18.06.´23 Generalversammlung, Studienresultate und Pick-Nick

Sonndes, den 18. Juni 2023, 10h-16h, Spillplatz „A Mouschelt” zu Lëntgen

Adress: 250, rte de Fischbach, L-7447 Lintgen

Programm:

10h Generalversammlung

Ordre du jour:

• Usprooch vum Präsident

• Aktivitéitsbericht an Keesebericht 2022

• Entlaaschtung vun der Kees an vum Comité

• Deelweis Neiwiel vum Comité an vun den Keeserevisoren

• Ausbléck op d´Joer 2023

• Infoen an frei Aussprooch

• Schlusswuert vum Präsident


11h15 Presentatioun vun den Resultater vun der Etude “Mental HEalth and Resilience during the COVID-19 pandemic A nationwide study with children in Out-of-home care in Luxembourg (HERO)” – Cyril Wealer, Psycholog an Chercheur, Uni.lu


12-16h Iessen, Drénken, Spillen an Austausch


FEL offréiert iech d´ Iessen an d´ Gedrénks. Al Fleegefamillen an all hir Kanner souwéi Interesséierter sin häerzlech wëllkomm fir d´ Generalversammlung, d´Virstellung vun den Resultater vun der Studie an den Pick-Nick.

Obligatoresch Umeldung bis den 16. Juni per Mail un

Mir stellen eis mat frëschem Elan als Veräin nei op. Mir sichen an dem Sënn, nei Memberen déi eis ënnerstëtzen an nach weider Comitésmemberen déi sech wëllen engagéieren. Et sinn vill Reformen ënnerwee déi eis direkt betreffen, an eis Aarbecht ass dofir elo nach méi wichteg wéi virdrun. Kandidaturen fir an den Comité an Informatiounen: +352 691 653 321 (Okkerman Dick).